de Floumaart

Quo Vadis?

An engem Nopeschland, dat schon emmer wéinst senge Spiichten bekannt ass (z.B. 1 Joer a méi ouni Regierung an et geet awer) ass e Mann (Jo! Erem e Mann) deen eppes Grousses géingt d'Aarbechtslosegkeet erfond huet. Hien huet entdeckt dass an engem decke Bamstamm e klengen Zännstëppeler verstoppt ass, a wellt deen elo fannen an eraus bastelen.

Schon eleng fir déi 14 m laang Pëppel an e grousse Sall (lo hat ech bal geschriwwe „Musée“) eran ze kréien, huet missen eng staatlech Verwaltung, déi soss fir Brécken a Stroossen zoustänneg ass, un d'Schaffe bruecht gin.

Mä et ass gegleckt, an zenter zwee Méint ass d'Sich amgaang. Mir sin anscheinend op der Halschend, de Bam ass scho nemme méi 8 m laang, also op d'manst packe mer et bis d'next Joer. Et ass jo och net esou einfach. Probéiert dach emol selwer, méintelaang gudd waarm a metten an der Stad. Fir iwwert de Sonndeg déi néideg Raschtzeit ze garantéieren, wärt da freides alt emol méi en decke Spoun verschafft gin.

Mä déi kriddeleg Phase kennt eréischt. Wann do eppes géing passéieren...? Waarden eis Zänn esou laang ob hire Stëppeler? D'Konscht bei der ganzer Aktioun war et, fir de Lëtzebuerger dest alles als Konscht ze verkafen.

An dat geet.

fränz